d’ISOC (Internet Society Luxembourg) huet een sondage gestart waat d’Leit hei am land vun den Internet Provider haalen.
jidereen deen hei am land wunnt wees ganz genau dass mir waat internet accès ugeet hei am land nach an der steenzait liewen. am verglach zum ausland hun mer op manst 5 joer verspéidung. een einfacht DSL abo ass hei am land 5x sou deier awer dofir 5x méi lues wéi am ausland. an déi gangster methoden dass all mensch gezwongen get fir nach een aalen telefonsuschloss mat abo ze hun fir können vum DSL ze profitéieren sinn einfach nemmen kriminell.
Hei geet et zum Sondage
…oder baal. as jo wëll laang gewosst, datt d’parma-haamen kees aus parma kommen, me aus ganz europa schwäin an italien gefouert ginn, fir d’béischten dann do ze schlueschten. daat ass natiirlech ökonomesch immens sënnvoll - natiirlech nëmmen, wëll sou saachen vun bréissel (daat europäescht) gesponsort ginn. elo haat douanes geméngt, se missten en camion unhaalen, wëll den jo mat schwäin iwerfëllt wier, an daat déi aarm béischten do jo net dierfter zesummen geperscht ginn, ewéi d’sardinnen (déi jo schons dout sinn!) an der bécks. eisereen ging daat als déierenquälerei ungesinn, douanes och. nujee, ass et ewer net! legal gesinn. bei schwäin ginn et reglementer déi besoen, datt hëchstens 235kg (schwäin) ob den m2 kommen dierfen. en fierkel weit ëmm déi 22kg waat dann ronn 10 fierkel ob den m2 ausmeet. läit een elo do driwer, ass et quälerei! Ech probéieren mir elo mol virzestellen, wéi een 10 fierkel ob den m2 kritt. geet net. fir elo ganz béiss ze sinn stellen ech mir emol vir, kanner, déi esou emm déi 20 kg wéien ob een m2 ze kréien. an daat dann fir eng rees aus der belge bis an italien. gemittelech…
majo, en mëttwoch ass et nees eouwäit. feltesdag. nierwt mammendag an allerhellgen een vun den boomdeg fir d’blummenhändler. wann een déi virdrun genannten deg emol méi genee kuckt, mierkt een séier datt et an sech bei der saach just nach em geschäft handelt; an dobäi sinn déi zäiten eriwer, wou lëtzebuerg en groussproduzent vun blummen wor (am speziellen rousen).
Mindestens eng woch virun esouéngem speziellen dag gët een jo ob schratt an tratt drun erënnert, datt een sech jo nëmmen net doheem weisen sollt, oni blummen kaaf ze hunn. also schéin kaafen, an domat d’gewëssen berouegen! et misst een sech ewer schummen, wann een just ob engem spéziellen dag am joer un en léiwsten denkt.
…d’lëtzebuerger kaafen gären am ausland an. den statec huet daat elo endlech erausfond. ech hunn mech schons emmer gefroot, firwaat ob groussherzogins gebuertsdag esouvill leit richtung tréier fueren! an waat keeft den lëtzebuerger dann elo do am ausland (bemierkung: europa ouni grenzen)?
gefréiss! daat wonnert mech ewer elo en bëssen. ech duerscht, et wier nationalverrot fir net am cactus anzekaafen. mee elo éierlech, sinn d’épicerien dann elo ronderëmm esouvill méi bellëg?
kleeder an schung! ahjo, daat verstinn ech. an der staat fënns du jo vun hügo böss iwer luisch vitor bis hin zu dulze kapp-aana alles waat däin häerz begiert. just den port-monni huet do alt gären duerschfall… an fir den rescht vum land, get et lo leider net grad déi super buttéker, oder?
miwel! statistik ass ëppes schéines. do fällt elo sécher den schweed bei aarel immens an d’gewiischt. wees ewer elo net wierklech, wéi dags d’leit sech miwel kaafen ginn. ob daat elo esou schlëmm ass?
déi eetüt misst ewer elo hoffendlech de verschiddenen geschäftsverbänn d’guggelcher obmaan!?