4.2 milliounen euro an den bus
lo soll dann an der staat, wann et dem bauschen fränz no geet, d’busser mat engem gps system ausgerüst ginn.
esou sollen d’busser virfaart kréien bei den rouden luuten, duerno esouguer d’fliquerie (woubäi déi jo schons haut net ob roud luuten unspriechen)…
just fir nach emol kuerz drunn ze erënneren, den galileo projet vun der eu, den genee daat dooten maachen soll.
d’säit vun der eu seet: “thanks to automated vehicle guidance systems, help reduce traffic jams”
galileo soll nächst joer online goen, an bis 2011 voll funktiounsfäëg sinn. mat aaneren wierder, fir déi kuerz zäit dotëschend ginn mir ronn 4 milliounen euro aus. mee, kéng angscht, den tram soll och domat funktionnéieren.
ech froen mech, ob den bausch schons héieren huet, datt den tram un kaabelen leeft, wou ech mir sécher sinn, datt en system iwer esou kaabelen méi bellëg ze kréien ass.
dobäi kënnt jo nach, datt den gps, an sénger ziviler notzung, eng geneeëgkeet vun ronn 20m huet, den galileo soll ob 5m genee sinn.
ech stellen mir elo 20 m geneeëgkeet ob der neier avenue vir. d’rout luuten stinn net emol 20m vun en aaner ewëg, also wéi soll daat klappen.
an wou jo lëtzebuerg d’europäesch musterland soll sinn, wärten mir eis jo net luppen loosen, fir dann an 2-3 joer nodeem den system dann implémentéiert ass, ob galileo ëmmzeklammen (well jo och warscheinech d’ses an nach aaner boîten hier fanger dran hunn). an wann ech dann gesinn wéivill
den system “ego”
bis elo schons kascht huet, an wéi laang en bis elo schons gebraucht huet,
kann ech mir och net virstellen, datt bis 2008 den gps-btb laafen soll. nujee, wéi soen schon’s d’amien: “in god we trust”…