Ech kann zwar keen Lëtzebuergesch schreiwen, mee: “ech sin dofir”

neckel | cültüre, lëtzebuerg | Tuesday, February 13th, 2007

Jidereen huet der schons gesonn, déi super auto-collants mam neien fändel wou dann drop steet: “ech sin dofir!”

Ech well elo keng diskussioun iwwert deen neien fändel starten. mee wann ech mech als organisatioun zesummen dinn fir ennerschrëften ze sammelen an dann och nach auto-collants maachen, an daat ganzt an der optik vum patriotismus dann giff ech mir awer 5 minuten zait huelen an nokucken wéi “ech sin dofir” iwwerhaapt richteg geschriwwen get. et sinn nemmen 3 wierder souvill zait kann daat net kaschten fir daat korrekt no zesichen. an zwar kritt “sin” 2 N. richteg wir et dann: ECH SINN DOFIR!

entweder maacht et richteg oder guernet.

mais trotzdem all respekt fir äer aktioun an all deen feedback deen dir kritt hudd, an eist lëtzebuergesch hei ass jo och net perfekt. mol gespaant wéi déi ganz geschicht do ausgeht.

LOD - endlech ass en do…

kloos | cültüre, lëtzebuerg | Wednesday, February 7th, 2007

…oder just esou hallëf, an sech nëmmen zu engem 26stel. den “Lëtzebuerger Online Dictionnaire”.
et gouff am ufank emol den bouschtaf “a” online gesaat. den rescht ass nach net esouwäit, soll ewer bis 2011 färdeg sinn, an dann och ob pabeier erauskommen.
dann hunn ech jo nach eng excuse fir méng feeler, déi ech schreiwen ;-)
natiirlech, ewéi et sech fir lëtzebuerg gehéiert, ass och direkt eng iwersetzung an déi aaner dräi amtssproochen gemeet ginn. moment emol, aaner dräi? jo, och eng portugiesech versioun ass ze kréien. do soll nach een soen, mir gingen eis net intégréieren!

Powered by WordPress | Theme by Roy Tanck