heiandsdo froen ech mech wirklech op verschidden leit besser informéiert sin wéi anerer. gin et leit déi wëssen dass d’preisen demnächst sollen erem kommen oder firwaat fiert well all hënnes hei am land mat engem panzer?
vun mount zu mount gesait een emmer méi leit déi sech hieren privaten panzer, och nach bekannt als 4×4 (X5, M-klass, Q8 etc.), zougeluecht hun.
et sollen jo relativ vill leit hei am land gin déi op d’juegd gin an déi vun engem 4×4 reegelméisseg profitéieren. mee wivill leit gin et och déi all daag just domat op de bureau fueren an direkt eng häerzattack kréien wann nemmen een fullenschass an der glace ass? oder all déi fein damen déi mam 4×4 d’kanner an d’spillschoul féiheren, bei den coiffeur fueren oder an den cactus akaafen gin, waat soll deen gaitz?
an daat graad elo wou all mensch op dem super-öko-trip ass an d’welt well retten. wou ass do d’logik? wëllen déi leit op déi art & weis soen: daat mam klimawiessel ass alles blödsinn, ech glewen dach net méi un den kleeschen.
oder vlaicht lait den grond och irgendswou dass d’leit eppes brauchen fir ze weisen: kuck ech sin een décken häer oder eng raich madame. oder se denken dass se an deem panzer méi sëcher sin.
alles falsch. crash tests hun bewisen dass 4×4 autoen alles anescht wéi déi sëcherst autoen sin an et gin souguer eng partie leit déi am chomage sin an trotzdem mat engem décken 4×4 ronderem gondelen. also wann et den sozialen status an d’sécherheet net ass, waat ass et dann?
mat bessi chance fennt jo een 4×4 chauffeur desen artikel an kann eis informéieren waat un deem neien panzer trend lait.
elo hunn mir en nees hannert eis, den stärentour. ech duerscht schon, wéinst der klimakatastrof ging en dësst joer ausfaalen. fir mech elo net falsch ze verstoen, fannen ech d’idee, am prinzip, suen fir kriibskrank kanner an fir d’fuerschung géint den kriibs eng gut saach, mee et kann een och suen aanescht ewéi mat chinesechen teddybieren an soss plastiks geschiir sammelen, an et muss een schons guernet mat dausenden trakteren, motorieder, oldtimer an esouguer helikopteren just emol esou aus spaas erëmm briederen (d’ministeren maan do jo och all mat) an gläichzäitech priedegen, datt mir manner co2 produzéieren sollten, an och dowéinst den benzin an diesel an d’autosteier héigen!
d’aaen obmaan, an schéin brav an léiw d’nächst joer nees beim stärentour matmaan…
…an villäicht kënnen mir dann an 100 joer ob der lëtzebuerger küst esouguer mat booter matfueren.
wen kennt en net, den kléngen léiwen petzi aus dem berliner zoo. gesäit jo och léiw aus, den äisbier-pupelchen do.
iwer den ouschterweekend wollten eng ronn 100′000 leit den äisbier-krappschass kucken goen. déi sinn jo sécher och all mam zuch oder velo komm, oder?
wann een den knut schons baal ewéi en rock-star bewonneren geet, misst een awer och gläichzäitech d’biller vum nordpol sech an gedanken ruffen (wann een iwerhaapt eppes dovunner wees) wou äisbieren fond guffen, déi erhénger oder esouguer ersoff sinn. an daat, wëll d’äis ob den pol’en schmeltzt. ech verstinn net, datt esouer, ewéi greenpeace oder WWF déi geleeënheet net notzen, fir den knut niervt déi fräiliewet kollegen an een bild ze setzen, an domat wéinstens den knut-fans ze weisen, ewéi wichtëg et wier, d’äerd - oder wéinstens d’äisbieren - ze retten (wann et net schons ze spéit ass).
soll nach een soen, am éisléck wieren se hannen drann! endlech emol een (an dann direkt eng geméng) déi séch géint déi sougenannten omg’en wiert. d’stauséigeméng (also déi geméng beim stauséi, gudd hä) wëll anscheinend den unbau vun ogm’en ob hierem gebitt verbidden. mol hoffen datt net eis regierung ëppes dogéint huet (aus partei-politeschen beweeggrënn!?…)
do koum dach net elo een ob d’idee fir déi gratis plastik-ankaafstuten oofzeschafen.
net éwéi wann déi vun der aaner säit vun der musel dësst jo schons laang maachen.
an séch ass daat jo elo eng luewentswärd iniziativ. awer och just an séch…
waat hunn dann d’leit mat denen tuten gemeet? richtëg, den dréck drangemeet an dann an den back geheit. elo ginn dann déi nämlecht leit an d’épicerie sëlwer, an kaafen dréckstuten. déi sinn aus dem nämlechten plastik, mee kaschten ëppes, genee esou ewéi elo déi nei ankaafstuten.
den cactus haat emol ëmmer déi grouss, brong pabéierstuten. déi woren éischtens méi stabill, an och nach méi einfach ze entsuergen. obeemol kruut een därer kéng méi. firwaat? daat wier dach elo sécher eng besser idee därer tuten do an allen buttëker auszelee’en, oder?
z’léschtens hunn ech eng bom am buttëk gesinn, déi där duerschsichtëger dënner tuten (fir “normalerweis” d’uerbst an d’geméis dran ze maachen) am kilo matgeholl huet. firwaat wuel??