tjo, elo haat ech dach net eisen staat an saachen police kritiséiert, an du koum schons déi nächst. wort.lu haat en mëttwoch ob hierer säit gesoot, den albaneschen drogenboss wier duersch eng paart gelaaf.
nujee, kuerz drop wor den artikel vun hierer säit verschwonnen. et kéint een séch natiirlech elo froen, wéi daat geschéien kann? en puer artikelen méi déiw steet ëppes iwer eng pétitioun “trennung kiersch an staat”. an sech misst een och dann elo (endlech) unfänken eng pétitioun ze maachen déi vun trennung vun press an staat schwätzt. wann d’prees net fräi ass (waat se hei zu lëtzebuerg och net ass) dann kommen esou saachen (oder nach méi schlëmmer) och an enger démokratie vir. en gudd beispill sinn fir mech emmer nach d’rassen-trennungs-gesetzer, déi an amerika (usa) beschloss goufen, vun enger démokratescher regierung - datt déi schwaarz net an eng öffentlech schoul dierften goen, etc. wann zu där zäit eng richtëg press, als 4ten pouvoir déi regierung plus parlament kontrolléiert hätt, wieren esou “gesetzer” schwieresch (onméiglech???) gewiescht.
Eis press ass jo leider immens partei-politesch beherrscht; kann (oder wëll) also net soen, waat wierklech faul ass am “staate luxemburg”…
oder wéi misst een den projet de loi vum frieden deiten? ass daat den “séchere wee” ?
dem staatsrot no (ëmmerhin quasi eist zweet parlament) haat den virschlag geint verfassung verstouss. esouguer d’lsap huet sech obgereegt, obwuel se mat an der regierung sëtzen. hunn déi éirens den text net gelies an einfach duerschgewonk?
ech haat den mueren d’interventioun (oder besser d’erklärungen) vum frieden um radio héieren, an méng ganz welt ass zesummen gebrach (nujee, esou schlëmm och alt nees net). do huet dach net deen geméngt, datt net den staatsrot vum vollék (also eis all) gewielt giff ginn, mee d’membren vun der regierung. jüwallee! ech duersch mir gingen just d’chamber wielen? ech ging emol gären drun erënneren, datt en gewëssen junker als staatssekrétär ungefaangen huet, an nie emol gewielt gouf (stung net emol ob enger lëscht). d’regierung gett net vum vollék gewielt. den staatsrot zwar och net.
ech méngen deen huet do ëppes net verstaan.
d’ISOC (Internet Society Luxembourg) huet een sondage gestart waat d’Leit hei am land vun den Internet Provider haalen.
jidereen deen hei am land wunnt wees ganz genau dass mir waat internet accès ugeet hei am land nach an der steenzait liewen. am verglach zum ausland hun mer op manst 5 joer verspéidung. een einfacht DSL abo ass hei am land 5x sou deier awer dofir 5x méi lues wéi am ausland. an déi gangster methoden dass all mensch gezwongen get fir nach een aalen telefonsuschloss mat abo ze hun fir können vum DSL ze profitéieren sinn einfach nemmen kriminell.
Hei geet et zum Sondage
Jidereen huet der schons gesonn, déi super auto-collants mam neien fändel wou dann drop steet: “ech sin dofir!”
Ech well elo keng diskussioun iwwert deen neien fändel starten. mee wann ech mech als organisatioun zesummen dinn fir ennerschrëften ze sammelen an dann och nach auto-collants maachen, an daat ganzt an der optik vum patriotismus dann giff ech mir awer 5 minuten zait huelen an nokucken wéi “ech sin dofir” iwwerhaapt richteg geschriwwen get. et sinn nemmen 3 wierder souvill zait kann daat net kaschten fir daat korrekt no zesichen. an zwar kritt “sin” 2 N. richteg wir et dann: ECH SINN DOFIR!
entweder maacht et richteg oder guernet.
mais trotzdem all respekt fir äer aktioun an all deen feedback deen dir kritt hudd, an eist lëtzebuergesch hei ass jo och net perfekt. mol gespaant wéi déi ganz geschicht do ausgeht.
ech mengen et ass keen geheimnis dass mir hei am land een riesen verkéierschaos hun, zemools moies oder owes während dem berufsverkéier geet et sou lues op der strooss dass autofueren zu enger eenzeger gedoldsprouf get.
zum gléck kréien d’leit ausgehollef fir Staus de vermeiden op verschiddenen plaatze mat hellef vun rond-points, et ass just een riesen problem. keen mënsch wees wéi déi denger funktionéieren an jidereen fiert am rond-point wéi en well awer net wéi en soll. schlussendlech produzéieren rond-points méi stau wéi se es sollen ewech huelen.
mee mat dem problem dass déi meescht leit absolut keng blass ahnung hun wéi se sech sollen an engem rond-point verhaalen kennt och nach dobai dass déi leit déi zoustänneg sinn fir déi rond-points ze bauen heiandsdo net immens wait denken. huelen mer emol deen rond-point um howald wann een vun der franséischer autobunn kennt: do gin et 4 entrées/sorties vum roind-point, eng dovun ass 2-spuereg, déi aner 3 sin 1-spuereg. wéi em gottes-wëllen soll soueppes funktionéieren, kann een mir daat erklären? an däer rond-point missgebuerten hun mer der een ganzen koup hei am land.
ech denken mer dass et vlaicht op verschiddenen plaatzen besser wir wann keen rond-point do wir mee einfach nees old-school round luuchten an fäerdeg. opwuel wann ech dann un déi super “kraitzung” denken déi um howald beim cactus hobbi ass. AUTSCH! also wann se irgendwou am land een rond-point hätten missen bauen, dann do!
wéi gesoot, een dilemma!
…oder baal. as jo wëll laang gewosst, datt d’parma-haamen kees aus parma kommen, me aus ganz europa schwäin an italien gefouert ginn, fir d’béischten dann do ze schlueschten. daat ass natiirlech ökonomesch immens sënnvoll - natiirlech nëmmen, wëll sou saachen vun bréissel (daat europäescht) gesponsort ginn. elo haat douanes geméngt, se missten en camion unhaalen, wëll den jo mat schwäin iwerfëllt wier, an daat déi aarm béischten do jo net dierfter zesummen geperscht ginn, ewéi d’sardinnen (déi jo schons dout sinn!) an der bécks. eisereen ging daat als déierenquälerei ungesinn, douanes och. nujee, ass et ewer net! legal gesinn. bei schwäin ginn et reglementer déi besoen, datt hëchstens 235kg (schwäin) ob den m2 kommen dierfen. en fierkel weit ëmm déi 22kg waat dann ronn 10 fierkel ob den m2 ausmeet. läit een elo do driwer, ass et quälerei! Ech probéieren mir elo mol virzestellen, wéi een 10 fierkel ob den m2 kritt. geet net. fir elo ganz béiss ze sinn stellen ech mir emol vir, kanner, déi esou emm déi 20 kg wéien ob een m2 ze kréien. an daat dann fir eng rees aus der belge bis an italien. gemittelech…
majo, en mëttwoch ass et nees eouwäit. feltesdag. nierwt mammendag an allerhellgen een vun den boomdeg fir d’blummenhändler. wann een déi virdrun genannten deg emol méi genee kuckt, mierkt een séier datt et an sech bei der saach just nach em geschäft handelt; an dobäi sinn déi zäiten eriwer, wou lëtzebuerg en groussproduzent vun blummen wor (am speziellen rousen).
Mindestens eng woch virun esouéngem speziellen dag gët een jo ob schratt an tratt drun erënnert, datt een sech jo nëmmen net doheem weisen sollt, oni blummen kaaf ze hunn. also schéin kaafen, an domat d’gewëssen berouegen! et misst een sech ewer schummen, wann een just ob engem spéziellen dag am joer un en léiwsten denkt.
soll nach een soen, am éisléck wieren se hannen drann! endlech emol een (an dann direkt eng geméng) déi séch géint déi sougenannten omg’en wiert. d’stauséigeméng (also déi geméng beim stauséi, gudd hä) wëll anscheinend den unbau vun ogm’en ob hierem gebitt verbidden. mol hoffen datt net eis regierung ëppes dogéint huet (aus partei-politeschen beweeggrënn!?…)
…d’lëtzebuerger kaafen gären am ausland an. den statec huet daat elo endlech erausfond. ech hunn mech schons emmer gefroot, firwaat ob groussherzogins gebuertsdag esouvill leit richtung tréier fueren! an waat keeft den lëtzebuerger dann elo do am ausland (bemierkung: europa ouni grenzen)?
gefréiss! daat wonnert mech ewer elo en bëssen. ech duerscht, et wier nationalverrot fir net am cactus anzekaafen. mee elo éierlech, sinn d’épicerien dann elo ronderëmm esouvill méi bellëg?
kleeder an schung! ahjo, daat verstinn ech. an der staat fënns du jo vun hügo böss iwer luisch vitor bis hin zu dulze kapp-aana alles waat däin häerz begiert. just den port-monni huet do alt gären duerschfall… an fir den rescht vum land, get et lo leider net grad déi super buttéker, oder?
miwel! statistik ass ëppes schéines. do fällt elo sécher den schweed bei aarel immens an d’gewiischt. wees ewer elo net wierklech, wéi dags d’leit sech miwel kaafen ginn. ob daat elo esou schlëmm ass?
déi eetüt misst ewer elo hoffendlech de verschiddenen geschäftsverbänn d’guggelcher obmaan!?
tubaksfabrik ob der staater gare huet gebrannt. ech wees daat, stung dobäi passiv matzefëmmen!