dischitaaal: mir sin déi éischt an europa, vun hannen gekuckt!
hallelujah, ab januar 2008 sollen mer hei am land dann och endlech digital televisioun iwwert den kaabel kréien. et mengt een baal et wir een schons den 1. abrëll an net den 1. mäerz. ufank der woch guff dann ugekennegt dass ab januar 2008 och d’lëtzebuerger endlech vun digitaler televisioun können profitéieren, 80 programmer, woah. dovun werten dann secher 20 stéck RTL sin wouvun der 15 op hollänesch sin oder ähnleches. eng lëscht vun programmer ass jo bis elo net eraus.
zum schluss ass dann och nach bemierkt gin dass lëtzebuerg daat éischt land an europa ass waat vollständeg op digital wert emklammen. ech wees net op fir déi europa an polen ophällt well eis nopeschlänner wéi daitschland, frankraich an belge hun schons zenter enger reih joeren digital televisioun iwwert internet am HD format. bis elo huet jo nach keen vun HD geschwaat hei am land, et ass just digital televisioun, eppes waat et fir satelitten-antennen-besëtzer schons iwwert 10 joer get.
mee ech well elo hei net den daiwel un d’wand molen, et ass ganz kloer endlech een schrëtt no fiir an sin secher frouh iwwert dës néierung. an dass mir eis fir den moment nach mussen mat televisioun iwwert cable zefridden gin, an net können vun neien technologien wéi héich-opléisend tele iwwert d’internet profitéieren lait secher net bei eiser regierung mee bei eiser léiwer post déi sech iwwert den staat an souguer bréissel eraus sëtzt an carrément mecht waat se well. an soulaang déi eis hier gangster politik opdrängen an eis vun der kuerzer léngt haalen wert sech, ennert anerem, an richtung HD TV iwwert d’internet och net vill änneren.