stärentour vs klimaschutz

kloos | ëmwelt, lëtzebuerg | Monday, May 7th, 2007

elo hunn mir en nees hannert eis, den stärentour. ech duerscht schon, wéinst der klimakatastrof ging en dësst joer ausfaalen. fir mech elo net falsch ze verstoen, fannen ech d’idee, am prinzip, suen fir kriibskrank kanner an fir d’fuerschung géint den kriibs eng gut saach, mee et kann een och suen aanescht ewéi mat chinesechen teddybieren an soss plastiks geschiir sammelen, an et muss een schons guernet mat dausenden trakteren, motorieder, oldtimer an esouguer helikopteren just emol esou aus spaas erëmm briederen (d’ministeren maan do jo och all mat) an gläichzäitech priedegen, datt mir manner co2 produzéieren sollten, an och dowéinst den benzin an diesel an d’autosteier héigen!
d’aaen obmaan, an schéin brav an léiw d’nächst joer nees beim stärentour matmaan…
…an villäicht kënnen mir dann an 100 joer ob der lëtzebuerger küst esouguer mat booter matfueren.

net ze séier, papp

kloos | lëtzebuerg | Wednesday, May 2nd, 2007

wen huet déi plakater nach net gesinn, déi neierdéngs ob der strooss stinn?
en kléngt meedchen ass mat den wierder “pas trop vite, papa!” drop ze gesinn.
elo huet séch “d’association des hommes du luxembourg” (ahl) zu wuert gemëllt, datt déi kampagne d’männer an en schlecht liicht réckelen giff.

et missten, laut der ahl och elo plakater mat bouwen gemeet ginn, wou dann och un d’mammen appeléiert sollt ginn.
wen elo dëssen bäitrag liest, gesäit jo och, datt et vill mammen ginn, déi ze séier fueren, an dann esouguer d’kanner net unstrécken.

an séch huet ahl jo recht, datt all d’leit méi lues machen sollten, mee se sollen ewer elo obpassen, datt se net déi läscherlech zich unhuelen, wéi d’emanzen virun en puer joer. ech erënneren do un esou saachen ewéi datt d’veloën ob den schëlder fir d’velospisten frâleitsmodeller missten sinn, oder den “mändchen” ob den rouden luuten och en “weibchen” misst sinn, etc.

wann ech elo béiss wier (an daat sinn ech jo bekanntlech net) ging ech nach folgend plakat firschloen:
eng bom oder en bob um plakat, an den sproch “pas trop vite, hëllef doheem”. déi (meeschtens frâleit) furen ewéi eng gesénkten sau. ech froën mech do ëmmer, ob daat un hieren strengen horairen läit, oder ob daat en anstellungskritär ass…

gaaas

kloos | lëtzebuerg | Wednesday, May 2nd, 2007

ewéi elo vun en puer deeg bei rtl.lu stong, hätt d’police virun der spillschoul zu ettelbréck gemeet. 14 chauffeuren (ech huelen emol un, déi meescht d’mammen) hätten hier kanner net ungestréckt. an als ausried hätten se gesoot, datt et jo net wäit wor, wieren nemmen en puer meter vun doheem!

et wor net wäit, also firwaat net zefous goen? ech wëll elo guernet nees mam klimawiessel unfänken, mee just emol iwer den stau, den esou en verhaalen matsechbréngt. et ass onnetz, an schued den kanner méi ewéi et den elteren viirdeeler bréngt.
wéi sollen d’kanner en verhaalen am verkéier léieren, wann se nëmmen an engem auto hin an hier gefouert ginn?

bei mir am duerf misst een emol den mammen nokucken, wann se hier kanner siichen kommen. chaos. paken egal wou, an, waat daat schlëmmst ass, rennen ewéi sau! daat sinn ewer dann déi, déi sech obreegen, wann an hierem duerf een net mat 50 fiert, wéinst den kanner…
Déi saachen missten emol méi kontrolléiert ginn, an dowéinst fannen ech déi kontroll, ewéi zu ettelbréck geschitt, eng super saach! (ech gleewen et net, datt ech och emol d’fickerie luewen!)

General Ivashov: US nuclear strike on Iran is imminent.

neckel | ronderem d'welt | Tuesday, May 1st, 2007

ech hun graad een interessanten artikel op voltairenet.org (et geet naischt iwwert independent news) gelies iwwert déi délikat situatioun zweschend dem iran an us. den artikel ass vum general leonid ivashov geschriwwen.

kuerz zur persoun ivashov:

General Leonid Ivashov is the vice-president of the Academy on geopolitical affairs. He was the chief of the department for General affairs in the Soviet Union’s ministry of Defense, secretary of the Council of defense ministers of the Community of independant states (CIS), chief of the Military cooperation department at the Russian federation’s Ministry of defense and Joint chief of staff of the Russian armies.

an hei een extrait aus dem artikel:

The really important question is not whether Iran is capable to make nuclear weapons. The only function of small stockpiles of nuclear weapons not backed by various forms of support is that of containment. The threat of a retaliation strike can stop any aggressor. As for attacking other countries and winning a nuclear war in the situation of a conflict with a coalition of major powers, this would require a potential that Iran neither has nor is going to have in the foreseeable future. The allegations that Iran can become a nuclear aggressor are absurd. Anyone having at least some theoretical knowledge of military affairs must understand this.

The forces of aggression have already been amassed and concentrated at the starting positions in the state of full combat readiness. The US military do not make it a secret that everything can be a matter of weeks or even days. There are indirect indications that the US will launch a nuclear strike on Iran already in April, 2007. After the very first nuclear blast, mankind will find itself in an entirely new world, an absolutely inhumane one.

hei geet et zum kompletten artikel

Powered by WordPress | Theme by Roy Tanck