entschiedegung
mah elo guff jo virun en puer deeg an däitschland décidéiert, datt déi leit, déi wärend der ddr “regierung” an den bing hunn missten goen, elo eng rent sollten kréien. daat heescht am klortext, déi leit, déi tëschend 1949 an 1989 en daar am a vun der sed woren, all mount suen vun der brd kréien.
et ass elo nach net laang hier, datt endlech entschiedegungen fir ns-zwangsaarbeschter ofgeschloss goufen. daat woren ronn 10 milliounen zwangsaarbeschter déi tëschend 1939 an 1945 fir mësshandlungen an ennerernierung fir nazi-däischt krichsmaschinnerie hunn missen an den meeschten fäll mat hierem liewen bezuelen. déi lei, an et dierf een net vergiessen, ewéi laang déi suen ob sech waarden hunn missen, hunn tëschend 2500 an 7500 € eemoleg iwerweisungen krut, also am ganzen ronn 4 milliarden €.
Ech fannen et just traurëg an en hoon datt d’brd esou laang gewaard huet, fir déi sklaven ze entschiedegen, datt d’natur hiert schons geleescht huet, an just nach ronn 1 millioun leit (oder hier familljen) um liewen woren, wëll soss déi “spenden” nimols duer gaangen wieren (wann een déi péng an ernidderegungen iwerhaapt mat suen obweien kann).
weider ass et en “witz” datt firman ewéi bmw, basf, siemens, bayer, krupp, deutsche bank a.s.w. ni wierklech zu rechenschaft gezunn goufen, an haut hier akzien ob allen weltmärt mat immensem boni gehandelt ginn. armes deutschland…