tjo, elo ass et geschitt. d’faas ass iwergelaaf. esou steet et emol am wort.
den collectif des habitants du quartier reegt sech op. et ass zevill lass am gronn. tonnen fester, gehiirlos partien, an een bistro un dem aaneren. ween kann nach am gronn liewen. anscheinend sinn daat 156 deeg am joer, wou d’leit do net pennen kennen. an daat bei den präisser, déi een am gronn bezuelen muss.
emol en kléngen bléck z’réck an d’vergaangenheet:
do gouff et en staatdeel, den gronn genannt, den wor esou eroofkomm, datt kéng sau do wunnen wollt. d’heiser sinn engem nogeheit ginn. am gréissten deel hunn d’portugiesen den buttéck kaaf. dunn huet den staat an d’staat tonnen suen (steiergelder!!) an deen deel vun der staat investéiert, sou datt deen deel haut een vun den deiersten deeler zu lëtzebuerg ass (an am verglach zu weltstied, emmer nach een vun den deieren ass).
mee bon, du koum d’staat lëtzebuerg ob déi idee, et misst een emol liewen an d’staat bréngen. an se hunn fester do organiséiert. daat huet nees mat séch bruet, datt nach méi an deen deel vun der staat investéiert gouff (nees steiergelder) fir den cartier nach méi attraktiv ze gestalten.
d’leit do, esou wéi et séch fir lëtzebuerger gehéiert (an dann soll nach een soen, intégratioun ging net funktionnéieren!) geegen sech natiirlech elo op, datt es dees zevill wier.
ofgesinn elo vum vandalismus, den et iwerall am land get, kann ech déi ganz saach do net verstoen!
ech muss all dag aus dem éisléck schaffen fueren, 233 deeg am joer. daat kascht mech, hin an z’réck 2 stonnen vun méngem dag, an wunnen dofir rouëg. ech muss, wann ech dann emol eraus goen wëll mam woon fueren, wëll et einfach soss kéng méigelechkeet get. an dann reegen séch déi leit do op!
se missten, wann den blues an jazz ralley ass, 5 deeg an viraus den woon vun den parkplaatzen ewesch huelen. firwaat hunn déi leit dann iwerhaapt en woon? fir an den cactus ze fueren? wann eisereen, den am éisléck wunnt, keen woon huet, kénnt en net emol an eng aptikt, spidol, cactus, ob d’aarbescht.
et sollt een emol fouss bei mool haalen, an emol kucken, ewéi et aaneren leit geet, éier een séch iwer schass obreegt, esou ewéi ech graad 