wou ass en dann?

kloos | daat lescht, lëtzebuerg | Saturday, August 4th, 2007

ech kann mech nach esou donkel drun erënneren, datt ech als kand gären reiber an jandaarm gespillt hunn. wor och witzëg, déi gudd aal zäit.
elo ass der flickerie en brudder fortgelaaf, ewéi déi mat him beim dokter woren. kann ech mir schons schwéier genuch virstellen, mee nujee, esou saachen sollen (och wann se net dierften) vir kommen.
elo sollen d’leit am süden ob en tipchen obpassen, den mat rapper gezei ennerwee ass. gudd datt d’schoulen aus sinn, soss ging daat nawëll schwierëg ginn.
déi fro déi ech mir elo stellen ass, firwaat d’police kéng foto zu verfügung stellt. weder ob dem heielei, nach an den zeitungen oder internet ass eng foto vun dem tipchen ze fannen. ech hoffen jo emol, datt se wéinstens eng foto vun dem jong hunn. ech stellen mir daat en bessen ewéi bei holiwud fir, wou en verbriecher mat enger tafel, ob der säin numm steet fotograféiert gett, éier en an sing-sing land.
besser fannen ech eewer nach datt ob der internet-säit vun der police iwer alles informatiounen ze fannen get, mee ewer mat kéngem wuert iwer daat “mëssgeschéck” geschwaat get. passt jo och net gudd nierft den obruff, bei d’police schaffen ze kommen.

Powered by WordPress | Theme by Roy Tanck