gaaas
ewéi elo vun en puer deeg bei rtl.lu stong, hätt d’police virun der spillschoul zu ettelbréck gemeet. 14 chauffeuren (ech huelen emol un, déi meescht d’mammen) hätten hier kanner net ungestréckt. an als ausried hätten se gesoot, datt et jo net wäit wor, wieren nemmen en puer meter vun doheem!
et wor net wäit, also firwaat net zefous goen? ech wëll elo guernet nees mam klimawiessel unfänken, mee just emol iwer den stau, den esou en verhaalen matsechbréngt. et ass onnetz, an schued den kanner méi ewéi et den elteren viirdeeler bréngt.
wéi sollen d’kanner en verhaalen am verkéier léieren, wann se nëmmen an engem auto hin an hier gefouert ginn?
bei mir am duerf misst een emol den mammen nokucken, wann se hier kanner siichen kommen. chaos. paken egal wou, an, waat daat schlëmmst ass, rennen ewéi sau! daat sinn ewer dann déi, déi sech obreegen, wann an hierem duerf een net mat 50 fiert, wéinst den kanner…
Déi saachen missten emol méi kontrolléiert ginn, an dowéinst fannen ech déi kontroll, ewéi zu ettelbréck geschitt, eng super saach! (ech gleewen et net, datt ech och emol d’fickerie luewen!)
Ech war, wéi ech nach an der Primärschoul war (ass also schon sou eng 10 Joër hier), och eng Kéier bei enger Frendin senger Mamm am Auto mat heem geholl gin. Wéi ech mech dunn ugestreckt hun, huet d’Mamm mech dunn ganz erstaunt gefrot, firwat ech fir déi kuer Streck dann géing ee Gurt undoen. Dat hat mech deemols schon als klengt Kand geschockt, well ech emmer geléiert gouf, et misst een sech ustrecken, och wann et nemmen 5 Meter sin. T’ass also kee neie Probleem, firun 10 Joër goufen et och scho Mammen, deenen et ze ustrengend war hiere Kanner bäizebréngen dass een sech unzestrecken huet. Wéi kann ee vun esou Kanner verlangen, dass se et hieren Kanner herno besser bäibréngen, wann si et ni geléiert hun? (Ok, Führerschäin, mee wat een an der Kandheet bäibruecht krut setzt normalerweis méi déif. An t’ass jo och vill méi bequem d’Kand am Auto sprangen ze loossen, amplaz sech d’Gejäiz unhéiren ze loossen well se de Gurt net wellen undoen.)
Comment by
Thierry — May 2, 2007 @ 11:39 am
Unstrecken ass dach alles Quatsch. D’Flicken mussen et jo och net maachen an fir dei, dei sech un daat Autosaccident vun deem RS6 virun baal 2 Meint erennen kennen, deen mat 120-150km/h an een Baam gerannt ass an wou sech den Auto an zwee gedeelt haat, war den Typ deen Saach iwwerliewt haat och net ungestreckt.
Also, firwaat unstrecken? Herno ass nach den Gurt futti an et muss een deen repareieren lossen, daat kaascht alles.
Comment by
Deen Een — May 2, 2007 @ 6:52 pm
deen een, ech hoffen dass et sech bei dengem comment em pueren sarkasmus handelt, well soss dees de mir schwéier leet.
déi fro op ustrécken méi secher ass oder net stellt sech fir mech mol guernet. emmer wann ech an den auto klammen strécken ech mech emmer direkt automatesch un. ech muss mol net drun denken, et ass een reflex.
an nemmen well elo een hauli een accident iwwerlieft huet ouni gurt heescht elo net dass ouni gurt fueren secher ass. ech mengen wann een d’statistiken kuckt sin bei waitem méi leit bei engem accident em d’liewen komm well se net ugestréckt woren wéi emgedréiht.
well et gin der jo och déi sin vun der rouder bréck gesprongen an hun iwwerlieft. dofir kann een awer elo net behaapten dass vun der rouder bréck sprangen ongeféiherlech ass.
Comment by
neckel — May 4, 2007 @ 10:45 am
et ginn och leit, déi sech wëll schons d’genéck mat dem airbag gebrach hunn, mee et ginn onedlech méi leit déi doduersch hieren kapp gerett hunn.
also deen een, et kann een fir alles en géigenbeispill fannen, mee daat sprécht jo net géint d’reegel. ausserdem kanns du jo als erwuesenen sëlwer entscheeden, dech net unzestrécken (an mat den konséquenzen liewen - stierwen) mee d’kanner kënnen daat nach net. dofir sinn jo d’elteren do, an net nëmmen fir den kleeschen ze finanzéieren…
Comment by
kloos — May 12, 2007 @ 8:41 pm
hello…
wonderful post…
Trackback by
blog — October 31, 2007 @ 7:24 am
Personal Loans Bad Credit…
Reputable Internet provider for speedy secured personal loan programs….
Trackback by
Personal Loans Bad Credit — March 22, 2008 @ 2:23 am
Car Loan…
If your friend desires a Luxora , It is no trouble to recieve an} car loan in…
Trackback by
Car Loan — April 18, 2008 @ 1:36 pm
Hey!, been surfing the net for Equity Loan and found your blog regarding gaaas. You really know your stuff! I’d like to see more posts here. Will definitely bookmark it and come back….Best Interest Rate Home Equity Loan
Comment by
Equity Loan — July 30, 2008 @ 12:51 pm
Thank you. You have helped someone more than you could know.
Comment by
Loans For Homeowners — July 30, 2008 @ 1:07 pm