stärentour vs klimaschutz

kloos | ëmwelt, lëtzebuerg | Monday, May 7th, 2007

elo hunn mir en nees hannert eis, den stärentour. ech duerscht schon, wéinst der klimakatastrof ging en dësst joer ausfaalen. fir mech elo net falsch ze verstoen, fannen ech d’idee, am prinzip, suen fir kriibskrank kanner an fir d’fuerschung géint den kriibs eng gut saach, mee et kann een och suen aanescht ewéi mat chinesechen teddybieren an soss plastiks geschiir sammelen, an et muss een schons guernet mat dausenden trakteren, motorieder, oldtimer an esouguer helikopteren just emol esou aus spaas erëmm briederen (d’ministeren maan do jo och all mat) an gläichzäitech priedegen, datt mir manner co2 produzéieren sollten, an och dowéinst den benzin an diesel an d’autosteier héigen!
d’aaen obmaan, an schéin brav an léiw d’nächst joer nees beim stärentour matmaan…
…an villäicht kënnen mir dann an 100 joer ob der lëtzebuerger küst esouguer mat booter matfueren.

10 Comments »

  1. Also d’Nächst Joer um Velo?

    Comment by Charles Betz Charles Betz — May 7, 2007 @ 8:02 am

  2. Rommelskapp!

    Comment by Anonymous — May 12, 2007 @ 4:01 pm

  3. meenungen sinn ewéi aarschläscher, jiddereen huet eent…

    Comment by kloos kloos — May 12, 2007 @ 8:35 pm

  4. …an se sténken all

    Comment by neckel neckel — May 13, 2007 @ 4:34 pm

  5. sténken?

    Comment by Deen Een Deen Een — May 13, 2007 @ 11:34 pm

  6. ass verbessert…

    Comment by neckel neckel — May 14, 2007 @ 8:39 am

  7. D’as bessen wäit hier geholl, mee ech mengen den Stärentour um Velo rett lo net wiirklech d’Welt! Ech wees, hei geet et em den Prinzip fir en Exempel ze setzen, an den Leit kloer ze machen dat een bei allem opassen muss waat een mecht fir CO2 ze reduzéieren…

    Jeje Comments dréinen sech bis lo och net wiirklech em d’Story…

    Ech fannen dat méi massiv an CO2-Reduktioun geschafft misst gin, mee dofir misst een op ganz aneren Plaatz richteg duerchgräifen wéi bei enger Benfiz_Aktioun!
    (Obwuel wann keen Mettel géint Kriibs fonnt gett, well neméi genuch Suen gespennd gin, fir d’Kriibs-Fuerschung ze finanzéieren, dann gin aus den kriibskranken Kanner keng kriibskrank Jugendlech/Erwuessener ergo CO2 gespuert!) ei!

    Comment by Fixspoun Fixspoun — May 25, 2007 @ 5:27 pm

  8. Moin waats du do sees, ass an enger bestemmter Richtung schon richteg, mee irgendswéi och net. Ech hun een Oldtimer, an sinn dest Jor och am Stärentour matgefuer, well a menger Famill viru kuerzem zwee Leit un Kriibs gestuerwen sinn. Trotz sinn ech een Emweltbewosstenen Mensch, ech fueren mam Zuch schaffen, fir kuerz strecken gin ech ze Fouss, an fir akaafen ze fueren hun ech een emweltbewosstenen Gasauto, an dann behaapts du hei vun Oldtimmer Trakterueren, Autoen, a waat och soss nach dass déi Co² Emissiounen machen, opschons déi maanst iwwerhaapt méi wéi 500km Joor domat fueren, wees du iwwerhaapt vu waats du do schwätz. Wees du wat Emweltschutz ass; esou mann ewéi méiglech mam Auto fueren, elektresch apparater doheem aus der Steckdouss ze huelen, mässeg deng Wunneng ze hetzten an sou weider an sou fort. Wees du wat eng Sauerrei ass, wann een Autosrally d’Joer wir, nemmen eng Formel 1 Course, nemmen een Dag am Joer Monstertrucks ,a.s.w. a.s.w. Nee da sin esou saachen vun Mai bis September bal all Weekend irgendszwuerch am Land, domater hun ech e Problem, well daat Verknaschtung an Sennlos!
    Merci

    Comment by Boubbels Boubbels — May 25, 2008 @ 1:32 pm

  9. On your site familiar in the ICQ link Kinula. It turned out that nothing like it. Tepr all the time to read will

    Comment by Jacques Jacques — November 6, 2008 @ 1:10 am

  10. sou
    da fueren ech dess Joer lo net mat um Staerentour mat mengem Oldtimer deen 7 liter brauch , mee ech huelen mein “emweltbewossten , grengen ” Porsche an ech fueren mat der Famill een Daag op Ostende , de Porsche brauch zwar 15 Liter mee hien ass greng , modern , an huet ee katalysator.

    Prost

    Ps all aal Autoen verschrotten an een neien Kaafen deen 2 gr manner CO2 mecht . Well dei nei Autoen kommen aus der Garage, de Stroum aus der Steckdous and d Mellech aus der der Fläsch !

    Der Idioten

    Comment by Erny Erny — April 6, 2009 @ 9:27 am

RSS feed for comments on this post. TrackBack URI

Leave a comment

Powered by WordPress | Theme by Roy Tanck