4.2 milliounen euro an den bus

kloos | daat lescht, europa, lëtzebuerg | Sunday, July 1st, 2007

lo soll dann an der staat, wann et dem bauschen fränz no geet, d’busser mat engem gps system ausgerüst ginn.
esou sollen d’busser virfaart kréien bei den rouden luuten, duerno esouguer d’fliquerie (woubäi déi jo schons haut net ob roud luuten unspriechen)…
just fir nach emol kuerz drunn ze erënneren, den galileo projet vun der eu, den genee daat dooten maachen soll.
d’säit vun der eu seet: “thanks to automated vehicle guidance systems, help reduce traffic jams
galileo soll nächst joer online goen, an bis 2011 voll funktiounsfäëg sinn. mat aaneren wierder, fir déi kuerz zäit dotëschend ginn mir ronn 4 milliounen euro aus. mee, kéng angscht, den tram soll och domat funktionnéieren.
ech froen mech, ob den bausch schons héieren huet, datt den tram un kaabelen leeft, wou ech mir sécher sinn, datt en system iwer esou kaabelen méi bellëg ze kréien ass.
dobäi kënnt jo nach, datt den gps, an sénger ziviler notzung, eng geneeëgkeet vun ronn 20m huet, den galileo soll ob 5m genee sinn.
ech stellen mir elo 20 m geneeëgkeet ob der neier avenue vir. d’rout luuten stinn net emol 20m vun en aaner ewëg, also wéi soll daat klappen.

an wou jo lëtzebuerg d’europäesch musterland soll sinn, wärten mir eis jo net luppen loosen, fir dann an 2-3 joer nodeem den system dann implémentéiert ass, ob galileo ëmmzeklammen (well jo och warscheinech d’ses an nach aaner boîten hier fanger dran hunn). an wann ech dann gesinn wéivill
den system “ego” bis elo schons kascht huet, an wéi laang en bis elo schons gebraucht huet,
kann ech mir och net virstellen, datt bis 2008 den gps-btb laafen soll. nujee, wéi soen schon’s d’amien: “in god we trust”…

4 Comments »

  1. Et gett och nach ee weidere Probleem bei GPS: a Stiedt funktionéiert e net flächendeckend, well et zevill Interferenzen gin.
    Dat ass de Probleem mat der Politik, et huelen Leit Décisiounen a Beräicher vun deenen se näischt verstin.

    Comment by Thierry Thierry — July 1, 2007 @ 12:48 am

  2. Denken net dass daat een all zevill groussen Problem ass. Modern SiRF III GPS Receiveren kennen allmeeglech Feelerquellen eraus filteren an esouguer indirekt (reflekteierent) GPS Satelliten Signaler emfänken an precise Positiounen ungin.

    Dei 15-20m horizontal Genauegkëet vum normalen civilen GPS System, wei schon uwen gesoet gin ass, ass dann eischter een Problem. Mee och dofir gin et Leisungen wei zum Beispill DGPS deen och “civil-commerziel” zougänglech ass, also net exklusiv fir d’amerikanescht Militär. DGPS kann bis zou engem halwen Meter d’Positioun genau ungin.

    Waat Galileo unbetrefft, do wooen ech nach zebezweifeln dass deen 2011 voll fonktionfäheg ass well daat gif heeschen sie missten an deenen nächsten 3 Joer all Joer 6-8 Satelliten an Weltall schecken, eppes waat am Moment nach wuertwirtlech an den Stären steet.

    Comment by Deen Anneren Deen Anneren — July 2, 2007 @ 10:57 pm

  3. Dat ass dach emol eng praktesch Saach. Ech si jo der Meehnung datt alleguerten dei wichteg Leit wou wéi Politiker an Molekularbiologen onbedengt och esou en Virrecht brauchen… Vleicht kritt deen de GPS jo da scho direkt ennert d’Haut transplantéiert, esou funktionéiert dat ganzt dann och um Foussgängerstreifen an an der Schlaang virum Riieserad!

    Comment by Charles Betz Charles Betz — July 10, 2007 @ 8:19 am

  4. hello…

    usefull…

    Trackback by link link — November 22, 2007 @ 3:53 pm

RSS feed for comments on this post. TrackBack URI

Leave a comment

Powered by WordPress | Theme by Roy Tanck