rumble in the jungle

kloos | daat lescht, lëtzebuerg | Wednesday, July 11th, 2007

tjo, elo ass et geschitt. d’faas ass iwergelaaf. esou steet et emol am wort.
den collectif des habitants du quartier reegt sech op. et ass zevill lass am gronn. tonnen fester, gehiirlos partien, an een bistro un dem aaneren. ween kann nach am gronn liewen. anscheinend sinn daat 156 deeg am joer, wou d’leit do net pennen kennen. an daat bei den präisser, déi een am gronn bezuelen muss.

emol en kléngen bléck z’réck an d’vergaangenheet:
do gouff et en staatdeel, den gronn genannt, den wor esou eroofkomm, datt kéng sau do wunnen wollt. d’heiser sinn engem nogeheit ginn. am gréissten deel hunn d’portugiesen den buttéck kaaf. dunn huet den staat an d’staat tonnen suen (steiergelder!!) an deen deel vun der staat investéiert, sou datt deen deel haut een vun den deiersten deeler zu lëtzebuerg ass (an am verglach zu weltstied, emmer nach een vun den deieren ass).
mee bon, du koum d’staat lëtzebuerg ob déi idee, et misst een emol liewen an d’staat bréngen. an se hunn fester do organiséiert. daat huet nees mat séch bruet, datt nach méi an deen deel vun der staat investéiert gouff (nees steiergelder) fir den cartier nach méi attraktiv ze gestalten.
d’leit do, esou wéi et séch fir lëtzebuerger gehéiert (an dann soll nach een soen, intégratioun ging net funktionnéieren!) geegen sech natiirlech elo op, datt es dees zevill wier.

ofgesinn elo vum vandalismus, den et iwerall am land get, kann ech déi ganz saach do net verstoen!

ech muss all dag aus dem éisléck schaffen fueren, 233 deeg am joer. daat kascht mech, hin an z’réck 2 stonnen vun méngem dag, an wunnen dofir rouëg. ech muss, wann ech dann emol eraus goen wëll mam woon fueren, wëll et einfach soss kéng méigelechkeet get. an dann reegen séch déi leit do op!
se missten, wann den blues an jazz ralley ass, 5 deeg an viraus den woon vun den parkplaatzen ewesch huelen. firwaat hunn déi leit dann iwerhaapt en woon? fir an den cactus ze fueren? wann eisereen, den am éisléck wunnt, keen woon huet, kénnt en net emol an eng aptikt, spidol, cactus, ob d’aarbescht.
et sollt een emol fouss bei mool haalen, an emol kucken, ewéi et aaneren leit geet, éier een séch iwer schass obreegt, esou ewéi ech graad :-)

9 Comments »

  1. also dozou muss ech dann elo awer och main pefferkäer baileen.

    du hues vlaicht net onrecht dass vill leit an der staat wunnen déi guerkeen auto brauchen, mee et gin der och vill déi kommen och ouni auto net aus, sou wéi ech. ech schaffen ausserhalb der staat an enger zone industrielle déi extrem schlecht verbindungen zum öffentlechen transport huet. ouni auto hätt ech all daag een problem fir op d’aarbecht ze kommen.

    ech wunnen zwar net am gronn, mee zu bouneweg. an do herrschen och eng partie problemer déi een um land net huet.

    mais egal wou een an der staat wunnt, op daat elo am gronn, zu bouneweg, um lampertsbierg, gasperech oder wou och emmer, et ass een am fong nie richteg roueg, mee et ass iwwerall deier.

    vum vandalismus kann ech och een wuert soen, zu bouneweg steet net een eenzegen auto wou den pare-choc net zerschréipst ass. d’leit parken wirklech wéi déi leschten vollidioten, sou am styl: oh daat do misst laanscht goen… SCHRUPPP… oh tiens, awer net… bon, egal….

    an wann mer schons beim parken sin, et gin och massenweis leit déi mengen se wiren ganz alleng um planéit. et misst een heiandsdo photoen maachen vun deenen konschtwierker déi d’leit ferdeg brengen. ech hun schons gesinn dass 2 autoen sou schaiss geparkt woren dass se d’plaatz fir 5 angeholl hun. dobai herrscht an den quartiers résidentiels vun der staat souwisou schons een massiven parkplaatzen problem an dann kommen sou hautzen an déi parken sech dann och nach wéi komm haa mer eng.

    an kaméidi ass och baal all daag an der strooss, egal op een fest irgendwou ass oder net.

    d’weekender wann déi jonk borschten vum bistro heem kommen probéieren se nach emmer bei eis an der strooss bis op wivill km/h dass se hier hämoridenschleider brengen. ech hun bei eis an der strooss nach nie an mengem liewen een flic gesinn fir eng kontroll ze maachen, well do hätten se freides an samsdes owes allerhand ze din, well do kennt all puer minuten een kandidat wou den jackpot giff rabbelen. mee d’police passt jo och léiwer op der autobunn op dass do keen ze schnell rast wéi an engem quartier résidentiel, well waat soll do schons geschéien.

    wann een an der staat wunnt muss een einfach puer saachen mat a kaaf huelen, et huet een jo och eng ganz partie firdeeler, et ass een no bei allem an et kann een 2 stonnen laang an zimlech der ganzer staat gratis parken.

    ech wert nach vlaicht 2 oder 3 joer do wunnen bleiwen, an duerno get sech irgendeppes roueges gesicht um land (wahrscheinlech am ausland well hei kann een sech jo just nach eng wunnéng leeschten wann een direkter vun enger décker bank ass) wou een seng rouh huet, well an der staat huet een se secher net.

    Comment by neckel neckel — July 11, 2007 @ 1:25 pm

  2. Also ech verstinn, dass d’Läit am Gronn sech opreegen. Ass jo awer och ferme vill Zirkus. Ech wéilt do net wunnen.

    Et ass natiirlech e coole Kader fir eis ‘Touristen’, wann mer do fir den Jazz-Rallye oder sou doduerch trëppelen … mee den ‘Indigène’ gesäit dat wuel verständlecherweis anescht.

    Mee geschwenn hunn mer jo d’Rives de Clausen?

    Comment by Grommel Grommel — July 11, 2007 @ 2:59 pm

  3. Déi eng reegen sëch op, dass an der Staadt keng lass as, déi aaner reegen sech op, dass eppes lass as. Et fënnt sech emmer een, deen onzefridden as.
    Wousst guer net dass du och am Éisleck wunns, wou genau dann wann ech froën däerf?

    Comment by benem benem — July 11, 2007 @ 3:12 pm

  4. wunnen an der stauséigeméng..

    och du néckel kriis en bus fir ob d’aarbescht, misst just emol eng kéier méi genee luusen…
    et ass bei wäitem méi einfach an der staat ze wunnen, alles nobäi, schoulen, cactus’en, kino…
    am éisléck iwerlees du dir ob’s du elo ankaafen gees, an wouhinner… wëll du fiers jo mol eng stonn an déi eng richtung an nees eng z’réck.
    daat schlëmmst sinn déi staater-haarien, déi ob d’land wunnen ginn. et dauert kéng 23 deeg, an schons reegen se séch iwer den koustall ob, oder datt den hunn jäitzt, oder kierschen klacken ginn etc.
    mah wann dech daat stresst, dann bleiw an der staat…
    fannen ech och ëmmer nees witzëg wann d’leit um findel an ronderëmm sech iwer d’fliigeren obreegen. mah den flughafen wor schons virun hinnen do! bei eis fléien d’belge mat den düsejeeër iwer den daag, mee nervt mech knapps. sinn jo déi zäit ob der aarbescht…

    Comment by kloos kloos — July 12, 2007 @ 9:12 am

  5. hun baal 25 joer laang um land gewunnt, ass super. an ech well spéider och nees um land wunnen an well dass meng kanner um land grouss gin.

    kloer kréien ech een bus fir op d’aarbecht.mais! do muss ech dann 6x emklammen an brauch ongeféier eng hallef bis 3/4 stonn fir op d’aarbecht. mam woon brauch ech 10 minuten.

    dobai kennt och nach dass ech egal wéi schaffen, nix mat gereegelten aarbechtszaiten. an ech sin mer relativ secher dass hei net all 10 minuten een bus laanscht kennt, éischter am hallef stonn takt, wann iwwerhaapt. an nach een detail, mettes kréien ech och gäeren eppes zweschend d’zänn, an bei eis hei am zoning ass et net déck waat iessen ugeet, do misst ech dann och nees den bus huelen. oh jee, dann giff ech deen gréissten deel vun menger mëttespaus am bus verbrengen, nee merci.

    an wéi gesoot, ech kommen vum land an vill vun mengen kollegen, gelldu kloos, wunnen och nach emmer um land. an well ech nom plënneren an d’staat meng kontakter mat den kollegen well pflegen reesen ech relativ vill am land ronderem an ouni auto wir daat relativ schwéier.

    ech kommen och doudsecher mam bus bis an den cactus an zréck. mee ech wees nach net genau wéi ech soll 2 cageot béier an 3 ökotuuten voll proviant mam bus heem kréien. hun leider keng 6 äerm.

    Comment by neckel neckel — July 12, 2007 @ 9:39 am

  6. Ma dann wunnen mer jo an der selwechter Gemeng ;)

    Comment by benem benem — July 12, 2007 @ 5:13 pm

  7. @benem ass eng kléng welt…

    @neckel luus emol www.mobiliteit.lu , ass emol net esou schlech déi säit do :-)
    an cooperative bréngt dir den schass esougur heem….

    an mat den 0.5 promill am september ass daat mam woon bei koleegen fueren och alt esou eng saach, du heeschs jo och net raoul ;-)

    Comment by kloos kloos — July 13, 2007 @ 7:13 am

  8. get een vun “bei kollegen fueren” automatesch vun alkohol beaflosst? daat ass mir nei.

    ass alles eng fro vun charakter

    Comment by neckel neckel — July 13, 2007 @ 1:21 pm

  9. CIALIS® actua aumentando el flujosanguineo en el pene en presencia de estimulacion sexual. Su principioactivo - Tadalafilo - actua como inhibidor reversible selectivo de lafosfodiestererasa especifica de tipo5 (PDE5), manteniendo elevado eldel GMPc, y en consecuencia la ereccion. cialis y el alcohol

    Comment by Compra Cialis Compra Cialis — August 7, 2008 @ 10:31 am

RSS feed for comments on this post. TrackBack URI

Leave a comment

Powered by WordPress | Theme by Roy Tanck