kommen d’preisen erem?

neckel | ëmwelt, lëtzebuerg | Wednesday, July 11th, 2007

heiandsdo froen ech mech wirklech op verschidden leit besser informéiert sin wéi anerer. gin et leit déi wëssen dass d’preisen demnächst sollen erem kommen oder firwaat fiert well all hënnes hei am land mat engem panzer?
vun mount zu mount gesait een emmer méi leit déi sech hieren privaten panzer, och nach bekannt als 4×4 (X5, M-klass, Q8 etc.), zougeluecht hun.

et sollen jo relativ vill leit hei am land gin déi op d’juegd gin an déi vun engem 4×4 reegelméisseg profitéieren. mee wivill leit gin et och déi all daag just domat op de bureau fueren an direkt eng häerzattack kréien wann nemmen een fullenschass an der glace ass? oder all déi fein damen déi mam 4×4 d’kanner an d’spillschoul féiheren, bei den coiffeur fueren oder an den cactus akaafen gin, waat soll deen gaitz?

an daat graad elo wou all mensch op dem super-öko-trip ass an d’welt well retten. wou ass do d’logik? wëllen déi leit op déi art & weis soen: daat mam klimawiessel ass alles blödsinn, ech glewen dach net méi un den kleeschen.
oder vlaicht lait den grond och irgendswou dass d’leit eppes brauchen fir ze weisen: kuck ech sin een décken häer oder eng raich madame. oder se denken dass se an deem panzer méi sëcher sin.

alles falsch. crash tests hun bewisen dass 4×4 autoen alles anescht wéi déi sëcherst autoen sin an et gin souguer eng partie leit déi am chomage sin an trotzdem mat engem décken 4×4 ronderem gondelen. also wann et den sozialen status an d’sécherheet net ass, waat ass et dann?

mat bessi chance fennt jo een 4×4 chauffeur desen artikel an kann eis informéieren waat un deem neien panzer trend lait.

18 Comments »

  1. Ben, en SUV ass fir vill Läit en Statussymbol huelen ech un. Anerer fannen se einfach schéin oder praktesch. Mee die mannst brauchen se wirklech an kéinten dat selwecht och an engem normalen Break fannen. Mee Break’en sinn irgendwéi out …

    Mäin Papp huet lo emmerhin en Hybrid-SUV kaft. Alt en Kompromëss ;)

    Comment by Grommel Grommel — July 11, 2007 @ 2:56 pm

  2. daat mam hybrid-SUV ass jo mol eng clever saach, mee leider hun déi dénger nach net deen allergréissten succès.

    jo mam statussymbol hun ech mer och geduecht, well hautzedaags jo eng ganz partie jugendlecher schons mam führerschain een M3 oder boxster dobai kréien hun déi klass vun autoen bessi hieren sozialstatus vum “raichen mann” verluer. dofir huelen se sech also elo nach méi eppes déckes.

    mais wéi ech schons soot, ech kennen leit vun gesinn wou ech wees dass se am chomage sin an trotzdem fueren se mat enger m-klass ronderem, denken also och net dass déi 4×4 klass fir raich leit steet.

    an waat kennt als nächst? hummer? camion? helicopter? ;)

    Comment by neckel neckel — July 11, 2007 @ 5:07 pm

  3. “gin et leit déi wëssen dass d’preisen demnächst sollen erem kommen oder firwaat fiert well all hënnes hei am land mat engem panzer?”

    Vläicht fäerte se dass déi Kéier d’Franzouse kommen …. ;)

    Dass een en Hänness muss sinn, fir mat esou engem Bullldozer spazéieren ze fueren, dommader sinn ech d’accord. Mee déi Domm stierwen eben ni aus.

    Comment by Anonymous — July 11, 2007 @ 5:45 pm

  4. Dee Kommenatr vun “July 11, 2007 @ 5:45 pm” war vu mir .

    Comment by Maach4un Maach4un — July 11, 2007 @ 5:46 pm

  5. Et fueren vill Läit mat décken Autoen, déi an schappegen Wunnengen/Häiser wunnen … Mee mam Auto können se jo no baussen hinner blénken!

    Comment by Grommel Grommel — July 11, 2007 @ 6:01 pm

  6. an net dass elo een mech falsch versteet, ech wollt net soen dass all mensch deen mat engem 4×4 fiert een bëlles ass.

    mee et sin der ganz vill déi fueren just mat soueppes fir sech ze “brätzen”, wéi een sou schéin op letzebuergesch seet. an déi kandidaten sin d’hännessen fir mech.

    an mat den fransousen laiss de vlaicht mol guernet sou falsch.

    Comment by neckel neckel — July 11, 2007 @ 8:06 pm

  7. Heieren ech hei den Neid vun verschieden Leit schwetzen oder waat ass genau den Problem?
    Leit dei schnell Autoen wellen, sollen sech schnell Autoen kaafen, Leit dei 4×4 wellen, sollen sech een 4×4 kaafen, mir liewen jo awer nach ëmmer an enger freier Gesellschaft oder?

    Ass dach egal op een en scheint Haus huet oder net, jidderen daerf der nach wielen op waat en seng Prioriteiten setzt an verschiedener fueren eben villeicht leiwer een mei schnellen Auto an gin dofir am Joer eenmol manner an Vakanz, so what? …villeicht gin et jo och Leit dei een supert Haus huen, superen Auto an nach 3mol mat der gaanzer Famil an Vakanz fueren.

    Daerfen dei daat elo net mei well sech annerer dann beleidegt fillen?

    Comment by Deen Een Deen Een — July 11, 2007 @ 11:46 pm

  8. Nee, huet nix mat Neid ze din, souguer am géigendeel. Ech well jo net arrogant kléngen mee ech kinnt mir elo direkt een 4×4 kaafen goen ouni mat der wimper ze zucken. Eben graad dowéinst froen ech mech waat een iwwerhaapt mat souengem riesen dëppen soll ufänken.

    Hei, nach den moien wéi ech op d’aarbecht gefuer sin haat ech nees soueng chic madame firun mir déi mat hierem X5 geduecht huet se giff net zweschend engem bus an engem laanscht d’strooss geparkten liwwerwoon laanscht kommen, pang do stung den traffic. ech konnt natiirlech net widderstoen an hun missten tuuten. et wor souvill plaatz du wirs souguer mat enger boeing 747 laanscht komm. ;)

    Natiirlech liewen mir an engem fraien land an jidereen soll maachen waat en fir gudd hällt. Mee et gin einfach zevill kandidaten hei am land déi mengen se missten mat engem riesen woon fueren nemmen fir den leit ze weisen waat fir een dichtegen häer oder dichteg madame se sin. Mais w.e.g. wann se schons sou riesen boliden mussen kaafen dann sollen se kucken dass se déi maschinn och beherrschen an net nemmen den verkéiher domat behënneren.
    Opwuel waat d’fuerkonscht vun verschiddenen leit ugeet well ech mech net o d’4×4 klass limitéieren, et gin der och vill déi gin schons mat hierem klengen SLK net eenz. 8)

    Comment by neckel neckel — July 12, 2007 @ 8:53 am

  9. lo hunn ir jo mol een fond, den mat esou engem camion fiert…

    ech kann jo nach esou hallëf verstoen, datt een, den um land wunnt, sech en 4×4 keeft… hunn ech och gemeet, awer als A3… et muss keen riisen déngen sinn, an ech wëll mech och net, als perséinlechkeet ob d’ausgesinn vun méngem woon beschränken.
    mäin woon huet elo 1 joer, ass eréischt 3 mol gewäsch ginn (jupp, waschanlaag, nix mam lieder ofwëschen, an no-wixen) an ass eng méigelechkeet, fir vun a ob b ze kommen.
    hei zu lëtzebuerg nervt mech gehiirlos, datt d’leit méngen, se missten en méi en décken woon hun ewéi den noper, en méi en grousst haus, eng méi flott fra…
    erënnert mech un déi reklamm “mein haus, mein auto, meine frau”…
    an doheem gët et dann den mout iwer nëmmen nuddelen an brout. ech verfriessen léiwer méng suen an engem gudden restaurant, an probéieren, mäin status (panz) net zevill no baussen ze weisen :-))

    Comment by kloos kloos — July 12, 2007 @ 8:55 am

  10. Nee, bei mir huet dat och näischt mat Neid ze gin. Kéint mer och ee leeschten, fällt mer awer am Dram net an.

    Mam Statussymbol ass et nämlech esou: Wee kee Status huet, dee brauch eben e Symbol ;) …, wann der verstitt, wat ech mengen.

    Comment by Maach4un Maach4un — July 12, 2007 @ 5:57 pm

  11. Et ass erem witzeg ze gesin wei een mat den Leit dobaussen mee awer och an Foren “spillen” kann. Esou baal een d’Leit op Neid unschwetzt, well keen daat zougin. “Ech kennt mer jo och direkt muer een xyz kaafen, wann net esouguer zwee, well awer net” :)

    Mee anner Leit dei deen xyz dann awer kaaf huen, wessen angeblech net domatten emzegoen well een jo alles besser giff maachen wann een deen xyz selwer häat. D’ass einfach excellent ;)

    Comment by Deen Een Deen Een — July 13, 2007 @ 1:49 am

  12. huch?

    Comment by neckel neckel — July 13, 2007 @ 1:16 pm

  13. http://www.heise.de/tp/r4/artikel/25/25774/1.html

    interesséiert villäicht zu dem thema…

    Comment by kloos kloos — July 21, 2007 @ 12:31 pm

  14. D’Majoritéit vun de Leit sinn déck Arschläscher déi nët bis 2 kënnen zielen, duerfir awer mat wiele kënnen an déck 4×4 fueren. De kapitalistesche System baut op esou eng Inflatioun vun Aarschläscher duerfir gi mir och vu politeschen Aarschläscher veraarscht. Haut huet de Laufbursch méi en décke BMW ewéi de Patron. An d’Fransousen iwwerrennen all Daag eist Land mat hire Blechkarossen a mir klappen nach wa se laanscht fueren “Mir brauche se jo fir eis Pensiounen ze finanzéieren!”. D’Portugise flippen op Mercedes an d’Yougoen op super déck 4×4 a kafen all grénge Fleck zu Lëtzebuerg op fir ze verbauen. All fuere se mat lëtzebuergeschen Nummerschëlder ronderëm. Si klammen aus dem Auto a schons neess: “Comment? Parlez français!” Jo, dir hutt vollkomme Recht. D’Lëtzebuerger hunn zevill déck Karossen a maachen d’Natur futti……
    Citoyen européen, va te faire foutre!
    Pierre Peters L-3770 Téiténg, 10. Dezember 2007, Naturschützer, Patriot, Nationalist, Faschist, asw…..

    Comment by pierre peters pierre peters — December 10, 2007 @ 3:33 pm

  15. Pierre: Bass du den Caporal Dédé? ;)

    Comment by Grommel Grommel — December 11, 2007 @ 9:06 pm

  16. Deen Auto heescht Q7 an net Q8 du Idiot!!!!!!!

    Comment by Serge Serge — December 18, 2007 @ 5:50 pm

  17. Hei zu Letzebuerg kéint een all 2ten Bus duerch eng Audi Q7 ersetzen, well déi puer Leit déi an deenen meeschten Busser setzen, déi passen och an eng Q7!!!! Dann hätten mer eppes fir d’Emwelt gemeet! Méi ‘Panzeren’, manner Bussen!!!

    Comment by Serge Serge — December 18, 2007 @ 6:03 pm

  18. de pierre peters ass awa net ganz objektiv an sengen ausfeirungen!naja,dat wa jo och net anescht zu treier bei der npd

    Comment by marigar tom marigar tom — October 18, 2009 @ 3:08 pm

RSS feed for comments on this post. TrackBack URI

Leave a comment

Powered by WordPress | Theme by Roy Tanck