axa driver test, duerchgefall
ech hun mir haut emol deen super axa driver test ugekuckt an do sin ech ennert anerem op eng super fro gestouss déi menger mehnung no bessi falsch ass am driver test.
an zwar handelt et sech em main lieblings-theme: rond-points!
et gesait een direkt dass deen jéinegen deen den test opgestallt huet graad souvill ahnung vun rond-points huet wéi déi meescht leit hei am land. an daat ganzt steet dann och nach ennert dem patronat vun eiser police, majo dann gudden owend.
kuckt iech d’bild un. anscheinend hun neiderdengs déi leit déi an den rond-points wellen eran fueren firfahrt vis-a-vis vun deenen déi am rond-points dran sin. ech froen mech just firwaat dann all déi draiécker um buedem gezeechent sin bei der afahrt??
d’fro ass déi folgend: Sie fahren in diesem Kreisverkehr. Ein Fahrzeug möchte hineinfahren. Wer hat Vorfahrt?
Normalerweis ass et sou dass déi Leit déi wellen an den rond-point wellen ranfueren keng firfahrt par rapport zu denen hun déi am rond-point dran sin. an genau daat steet och riets als remarque. Trotzdem wir déi richteg äntfert gewierscht dass deen am rond-points fiert muss firfahrt oofgin un déi leit déi wellen eran fueren well se jo vun riets kommen.
ehm, hallo?
AXA, Sie sind leider duerchgefallen!!
Bitte geben Sie so schnell wie möglich Ihren Führerschein an einer Polizei-Zweigstelle ab!!
wor bestemmt en Fransous intitialement …
do hun déi jo Fierfahrt déi rakommen … 
Comment by
Tomy — September 24, 2007 @ 2:26 pm
bestemmt en franzous : huet een och um tdf gesin, dei sin einfach mam velo eran gefuer, net no lenks oder riets gekuckt
Comment by
silo3 — September 24, 2007 @ 2:31 pm
Top fund!
Comment by
Anonymous — September 24, 2007 @ 2:32 pm
Alles kabes. Et hun emmer nemmen dei Viirfahrt dei och mat decken 4×4 Panzeren kommen. Ass jo awer ganz kloer! -_-
Comment by
abbes — September 25, 2007 @ 8:25 am
nee, d’fro ass richtëg, d’äntwert muss “Sie” sinn…
do steet: “sie fahren in DIESEM kreisverkehr…”
an bei der entrée ass um buedem d’dräiecker ze gesinn.
allgeméng ass et esou, datt den rond-point nie virfahrt huet, dowéinst stinn och schëlder do. mee hei, fir et genee ze huelen, haas du néckel déi saach falsch gemeet….
Comment by
kloos — September 26, 2007 @ 10:51 am
d’entfert ass jo och SIE, meng entfert wor jo och SIE. mee déi ass hinnen no falsch!
an déi am rond-point dran sin hun emmer firfahrt par rapport zu deenen déi wellen eran fueren. bei all rond-point steet een draieck wanns de wells eran fueren.
ech hun SIE ugewielt, duerno hun sie gesoot et wir falsch an déi richteg entfert wir: Das einfahrende Fahrzeug, da es von rechts kommt.
lies main comment mol nach eng kéier junge
stell der mol fiir déi am rond-point hätten nie firfahrt, an déi eran wellen fueren hätten emmer firfahrt, wéi soll daat funktionéieren? chaos 100.000
Comment by
neckel — September 26, 2007 @ 11:16 am
ah jo, nach fond:
Art. 107. code de la route:
“L’obligation de céder le passage peut être rappelée par une marque matérialisée sur la chaussée.”
http://www.legilux.public.lu/leg/search/resultHighlight/index.php?linkId=14&SID=41d6e30dafd6f43bbef53245b6bb9d77
Comment by
kloos — September 26, 2007 @ 11:21 am
ok, hunn net gesinn waas du ausgewielt hues an waat se sooten.
also ass hier fro an erklärung net richtëg.
an sech huet den rond-point nie virfahrt, dowéinst ginn jo och d’dräiecker obgesaat; soss ging et net klappen.
hunn leider am code de la route den rond-point nach net fond, ging mech interesséieren, ob eppes doriwer dransteet.
also du haas recht, muss een nach liesen kënen
Comment by
kloos — September 26, 2007 @ 11:25 am
bon den rond-point huet theoretesch nie firfahrt, mee firun ALL rondpoint steet een draieck dofir hun dann déi am rondpoint EMMER firfahrt.
rond-points steet souwait ech wees an kengem code de la route, et kann een soen rond-points sin grauzone, do mecht jidereen wéi en denkt. an leider denken déi meescht falsch oder…. denken guernet.
wanns de et sou genau wells huelen
Comment by
neckel — September 26, 2007 @ 1:50 pm
wann daat stëmmt, datt en néierens am code steet, datt dierf och keen sech obreegen, datt an engem 2 spueregen krees, d’leit all baussen fueren. dann ass déi bannescht spuer just fir z’iwerhuelen, soss näischt.
ech ging zwar ménegn, den kreesverkéier miss iergendwou am code stoen…
Comment by
kloos — September 27, 2007 @ 7:36 am
Also ech hun emol virun 23 Joer am Führerschein geleiert, dass en Rond Piont déi grouss Ausnahm ass, well do eben LENKS Firfahrt huet.
Dat gellt och fir déi déi am rond Piont dra sin. Daat heescht wann een dech an egem méispuregen Rond Point iwwerhellt ( ass jo dan vu lenks) muss du e laanscht loosen wann e probeiert erem deng Spur ze fuhren.
Och wann daat lo net richteg wier, ma et schengt awer déi logeschsten Erklärung, well all aner Optioun géif Chaos mat sech brengen.
Comment by
Joel — October 4, 2007 @ 12:14 am
logëg ass eng saach, mee am code de la route steet näischt dran. daat waat am führersäin geléiert gët, ass vun der sécurité routière, an net aus dem mémorial. si ginn dir eng fuerwëg erklärung zu dem gesetz, soss och näischt. beim punkt vum rond-point ass et ewer esou datt ech näischt dran fond hunn; hun bei engem kolleg aus däitschland nogefrot, si hun näischt am code stoen.
Comment by
kloos — October 4, 2007 @ 12:24 pm
ech reegen mech jo wirklech oft ob iwwert all déi leit déi absolut keen plang hun wéi een am rond-point fiert an duerch hiert falscht verhaalen am font just een riesen stau veruersaachen.
mais bei quasi all rond-point deen ech hei am land gesinn froen ech mech: wéieen vollidiot wor fir den bau vun deem rond-point zoustänneg an huet deen rond-point esou schaiss gebaut.
ech fueren all daag duerch den riesen rond-point beim findel, och nach iergäertchen genannt. do gin et mengen ech 5 oder 6 aus an afahrten. dovun sin der e puer 2-spuereg an anerer just 1-spuereg. wéi soll esou eppes funktionéieren??
een aneren rond-point, deen bei sandweiler. do ass all owend an moien stau wéi eng sau. well do einfach tonneweis traffic ass, een 2 spuergen rond-point, mais nemmen 1-spuereg aus an afahrten. do ass den totalen chaos firprogramméiert soubaal den berufsverkéier kennt. iwwerleen déi leit déi een rond-point bauen net souwait oder wou ass den problem?
Comment by
neckel — October 4, 2007 @ 5:05 pm
Am rond-point huet firfahrt wien dran ass, de contraire as nëmme wouer wann këng draiécker do sinn fir de Verkéier deen era fiert!!! De rond-point ass eigentlech einfach eng circulaire kräizung…Dat hun ech esou geléiert… virun 20 Joer schon!
Comment by
heng — October 26, 2007 @ 12:14 pm
waat wann et en 2spuerege rond-point as an ech fuere baussen an ee fiert dee banneschte Krees an allebeid fuere mer zur selwegter Ausfahrt raus WEEN huet virfahrt??
Comment by
queen — April 17, 2009 @ 3:15 pm
Rond Point hinn oder hier…deen deen vun riets kënnt huet firwart….also missten déi am Rond-oint am Prinzip déi déi wëllen eran fueren firlossen…MEE dofir stinn bei den meeschten Rond-Pointen bei all Afahrt en Dreieck..fir dass déi am Rond-Point prioritéit hunn…mee nach laang net bei all Rond-Point stinn Dreiecker…am Ausland ginn rieseg laang gezunnen Rond-Pointen (an Frankräich z.B.) wou d’Léit am am Rond-Point keng Prioritéit hunn…
An wann mer wellen aus dem Rond-Point déi selwegt ausfahrt huelen…huet och den op der rietser spur firwart…well riets emmer firwart huet…..enplus ass den prinzip an den code de la route esou ausgluecht fir “iwwerschneidungen” ze evitéieren….dofir hell deen riets d’ausfahrt als eischt fir dass ech en net schneiden…
Comment by
Ronny — May 21, 2009 @ 8:55 pm
voir http://www.securite-routiere.lu/sujet/article.asp?id=75&sub=3,44
an legilux code de la route
Comment by
Ronny — May 21, 2009 @ 8:56 pm
Control. I didnt really get undressed little april pictures and woke to.
Comment by
tugdusydi — September 5, 2010 @ 5:05 am
ashley robbins video megaupload
Comment by
xiao — September 5, 2010 @ 7:01 am
Is to stripfor joanna angel masturbates your pleasure. Mommmmmm. I realized it to get enough to.
Comment by
ucloxkunycsu — September 5, 2010 @ 8:25 am
april bowlby naked pictures
Comment by
leola — September 5, 2010 @ 11:57 am