ewéi elo vun en puer deeg bei rtl.lu stong, hätt d’police virun der spillschoul zu ettelbréck gemeet. 14 chauffeuren (ech huelen emol un, déi meescht d’mammen) hätten hier kanner net ungestréckt. an als ausried hätten se gesoot, datt et jo net wäit wor, wieren nemmen en puer meter vun doheem!
et wor net wäit, also firwaat net zefous goen? ech wëll elo guernet nees mam klimawiessel unfänken, mee just emol iwer den stau, den esou en verhaalen matsechbréngt. et ass onnetz, an schued den kanner méi ewéi et den elteren viirdeeler bréngt.
wéi sollen d’kanner en verhaalen am verkéier léieren, wann se nëmmen an engem auto hin an hier gefouert ginn?
bei mir am duerf misst een emol den mammen nokucken, wann se hier kanner siichen kommen. chaos. paken egal wou, an, waat daat schlëmmst ass, rennen ewéi sau! daat sinn ewer dann déi, déi sech obreegen, wann an hierem duerf een net mat 50 fiert, wéinst den kanner…
Déi saachen missten emol méi kontrolléiert ginn, an dowéinst fannen ech déi kontroll, ewéi zu ettelbréck geschitt, eng super saach! (ech gleewen et net, datt ech och emol d’fickerie luewen!)
ech hun graad een interessanten artikel op voltairenet.org (et geet naischt iwwert independent news) gelies iwwert déi délikat situatioun zweschend dem iran an us. den artikel ass vum general leonid ivashov geschriwwen.
kuerz zur persoun ivashov:
General Leonid Ivashov is the vice-president of the Academy on geopolitical affairs. He was the chief of the department for General affairs in the Soviet Union’s ministry of Defense, secretary of the Council of defense ministers of the Community of independant states (CIS), chief of the Military cooperation department at the Russian federation’s Ministry of defense and Joint chief of staff of the Russian armies.
an hei een extrait aus dem artikel:
The really important question is not whether Iran is capable to make nuclear weapons. The only function of small stockpiles of nuclear weapons not backed by various forms of support is that of containment. The threat of a retaliation strike can stop any aggressor. As for attacking other countries and winning a nuclear war in the situation of a conflict with a coalition of major powers, this would require a potential that Iran neither has nor is going to have in the foreseeable future. The allegations that Iran can become a nuclear aggressor are absurd. Anyone having at least some theoretical knowledge of military affairs must understand this.
…
The forces of aggression have already been amassed and concentrated at the starting positions in the state of full combat readiness. The US military do not make it a secret that everything can be a matter of weeks or even days. There are indirect indications that the US will launch a nuclear strike on Iran already in April, 2007. After the very first nuclear blast, mankind will find itself in an entirely new world, an absolutely inhumane one.
hei geet et zum kompletten artikel
alt nees ass een (oder méi, wees am moment nach keen esou richtëg) amok gelaaf. iwer 30 leit sollen drun gegleeft hunn. an daat an enger zäit wou d’usa ob muslimesch terrorgefor angestallt ass! gefor vun baussen. dobäi fault d’gesellschaft vun bannen.
klammer op: hunn emol vun enger théorie héieren, déi beseet, datt all grouss natioun - d’usa bezeeschnen sech sëlwer jo och esou - kuerz firum niddergang no baussen kriich geféiert huet, an vun bannen sech sëlwer obgeléisst huet. beispiller weist d’geschicht genuch. klammer zou.
d’schold un dem neisten amok (un columbine erënnert sech villäicht nach den een oder aaneren) woren bestëmmt nees d’computerspiller. wen och soss. natiirlech net déi extrem liberal waffengesetzer an den usa. an sécher och net déi hollywood filmer oder live-news à la cnn. et ass an den usa méi einfach als jugendlechen eng kanoun ze kréien ewéi en humpen ze bestëllen. ass jo och geféierlech, alkohol mat waffen ze mixen; also muss een sech entscheeden!
wann ech elo immens gehässech wier, ging ech soen, datten d’usa esou amokleefer brauchen; déi kinten se gudd an den irak (demnächst iran?) schécken.
geféierlech get déi saach, wann een gesäit, ewéi déi amerikanesch kultur an europa exportéiert get. nom mcdonalds kent dann den amoklaaf an der schoul (beschten beispill ass jo do däitschland…)
mol hoffen, datt eis waffengesetzer (verstand,…) esou saachen ze verhënneren wëssen.
wen kennt en net, den kléngen léiwen petzi aus dem berliner zoo. gesäit jo och léiw aus, den äisbier-pupelchen do.
iwer den ouschterweekend wollten eng ronn 100′000 leit den äisbier-krappschass kucken goen. déi sinn jo sécher och all mam zuch oder velo komm, oder?
wann een den knut schons baal ewéi en rock-star bewonneren geet, misst een awer och gläichzäitech d’biller vum nordpol sech an gedanken ruffen (wann een iwerhaapt eppes dovunner wees) wou äisbieren fond guffen, déi erhénger oder esouguer ersoff sinn. an daat, wëll d’äis ob den pol’en schmeltzt. ech verstinn net, datt esouer, ewéi greenpeace oder WWF déi geleeënheet net notzen, fir den knut niervt déi fräiliewet kollegen an een bild ze setzen, an domat wéinstens den knut-fans ze weisen, ewéi wichtëg et wier, d’äerd - oder wéinstens d’äisbieren - ze retten (wann et net schons ze spéit ass).
elo hunn jo net d’iraner do 15 britescht zaldoten gefaangen geholl. waat geet déi quasi araber do un? d’briten behaapten jo, hier leit wieren am irakeschen gebitt gewiescht, d’perser behaapten d’géigendeel. virwaat wuel réagéieren d’mulla’en esou? ginn mir emol z’réck an der zäit:
do guff et emol en iraker, den saddam, den vun den usa un d’muergt geputsch guff (nujee, se hunn alzäit fäerem gehollef). dunn hunn déi amerikaner (mat vill hëllef och aus europa!) den saddam benotzt, fir géint déi radikal an béiss perser krich ze féieren - huet jo och just eng 8 joer gedauert. en fridden gouf et och ni, wor éischter nëmmen eng roupaus. d’grenzen teschend dem iran an dem irak sinn bis haut net kloer geklärt.
dunn koumen éngesdag, nodem d’usa iergendwou anscheinend atomwaffen fond haaten (warscheinlech woren se just rosen, datt si se net verkaaf haaten) zum krich tëschend den usa an den briten (ex-weltbeherscher, haut just nach eng +/- krank économie) ob der enger säit géint den irak. a-bommen woren just ni do!
elo sinn et wëll 4 joer, datt do am irak chaos herscht. ganz egal, d’usa klappen och alt nach gären ob den iran, den jo och atomwaffen sollt hunn (atomtechnik haten jo d’fransousen dem char vun persien verkaaf, also nees net d’usa!!)
waat denkt elo en president vum iran: merde, elo kommen déi och nach gären bei eis, an ech ginn gehaangen. wann also dann och nach 2 schëffer an engem grenzgebitt, daat, wéi gesoot emstridden ass fond ginn, läit et dach relativ no, fir dësst als aggressioun ze verstoen, oder?
wann d’britten elo net domm gewierscht wieren (egal ob wouer oder net datt se am iraneschen gebitt woren) hätten se sech einfach ëntschëllegt, an gesoot, datt se dann onwëssendlech an iranesch gewässer gefuer wieren, an datt daat ni méi virkéim. déi saach wier dann schons laang gies. et wier dem blähr sécher kéng zack aus der kroun gefall (hëchstens dem elisa)…
hallelujah, ab januar 2008 sollen mer hei am land dann och endlech digital televisioun iwwert den kaabel kréien. et mengt een baal et wir een schons den 1. abrëll an net den 1. mäerz. ufank der woch guff dann ugekennegt dass ab januar 2008 och d’lëtzebuerger endlech vun digitaler televisioun können profitéieren, 80 programmer, woah. dovun werten dann secher 20 stéck RTL sin wouvun der 15 op hollänesch sin oder ähnleches. eng lëscht vun programmer ass jo bis elo net eraus.
zum schluss ass dann och nach bemierkt gin dass lëtzebuerg daat éischt land an europa ass waat vollständeg op digital wert emklammen. ech wees net op fir déi europa an polen ophällt well eis nopeschlänner wéi daitschland, frankraich an belge hun schons zenter enger reih joeren digital televisioun iwwert internet am HD format. bis elo huet jo nach keen vun HD geschwaat hei am land, et ass just digital televisioun, eppes waat et fir satelitten-antennen-besëtzer schons iwwert 10 joer get.
mee ech well elo hei net den daiwel un d’wand molen, et ass ganz kloer endlech een schrëtt no fiir an sin secher frouh iwwert dës néierung. an dass mir eis fir den moment nach mussen mat televisioun iwwert cable zefridden gin, an net können vun neien technologien wéi héich-opléisend tele iwwert d’internet profitéieren lait secher net bei eiser regierung mee bei eiser léiwer post déi sech iwwert den staat an souguer bréissel eraus sëtzt an carrément mecht waat se well. an soulaang déi eis hier gangster politik opdrängen an eis vun der kuerzer léngt haalen wert sech, ennert anerem, an richtung HD TV iwwert d’internet och net vill änneren.
tjo, elo haat ech dach net eisen staat an saachen police kritiséiert, an du koum schons déi nächst. wort.lu haat en mëttwoch ob hierer säit gesoot, den albaneschen drogenboss wier duersch eng paart gelaaf.
nujee, kuerz drop wor den artikel vun hierer säit verschwonnen. et kéint een séch natiirlech elo froen, wéi daat geschéien kann? en puer artikelen méi déiw steet ëppes iwer eng pétitioun “trennung kiersch an staat”. an sech misst een och dann elo (endlech) unfänken eng pétitioun ze maachen déi vun trennung vun press an staat schwätzt. wann d’prees net fräi ass (waat se hei zu lëtzebuerg och net ass) dann kommen esou saachen (oder nach méi schlëmmer) och an enger démokratie vir. en gudd beispill sinn fir mech emmer nach d’rassen-trennungs-gesetzer, déi an amerika (usa) beschloss goufen, vun enger démokratescher regierung - datt déi schwaarz net an eng öffentlech schoul dierften goen, etc. wann zu där zäit eng richtëg press, als 4ten pouvoir déi regierung plus parlament kontrolléiert hätt, wieren esou “gesetzer” schwieresch (onméiglech???) gewiescht.
Eis press ass jo leider immens partei-politesch beherrscht; kann (oder wëll) also net soen, waat wierklech faul ass am “staate luxemburg”…
oder wéi misst een den projet de loi vum frieden deiten? ass daat den “séchere wee” ?
dem staatsrot no (ëmmerhin quasi eist zweet parlament) haat den virschlag geint verfassung verstouss. esouguer d’lsap huet sech obgereegt, obwuel se mat an der regierung sëtzen. hunn déi éirens den text net gelies an einfach duerschgewonk?
ech haat den mueren d’interventioun (oder besser d’erklärungen) vum frieden um radio héieren, an méng ganz welt ass zesummen gebrach (nujee, esou schlëmm och alt nees net). do huet dach net deen geméngt, datt net den staatsrot vum vollék (also eis all) gewielt giff ginn, mee d’membren vun der regierung. jüwallee! ech duersch mir gingen just d’chamber wielen? ech ging emol gären drun erënneren, datt en gewëssen junker als staatssekrétär ungefaangen huet, an nie emol gewielt gouf (stung net emol ob enger lëscht). d’regierung gett net vum vollék gewielt. den staatsrot zwar och net.
ech méngen deen huet do ëppes net verstaan.
d’ISOC (Internet Society Luxembourg) huet een sondage gestart waat d’Leit hei am land vun den Internet Provider haalen.
jidereen deen hei am land wunnt wees ganz genau dass mir waat internet accès ugeet hei am land nach an der steenzait liewen. am verglach zum ausland hun mer op manst 5 joer verspéidung. een einfacht DSL abo ass hei am land 5x sou deier awer dofir 5x méi lues wéi am ausland. an déi gangster methoden dass all mensch gezwongen get fir nach een aalen telefonsuschloss mat abo ze hun fir können vum DSL ze profitéieren sinn einfach nemmen kriminell.
Hei geet et zum Sondage
Jidereen huet der schons gesonn, déi super auto-collants mam neien fändel wou dann drop steet: “ech sin dofir!”
Ech well elo keng diskussioun iwwert deen neien fändel starten. mee wann ech mech als organisatioun zesummen dinn fir ennerschrëften ze sammelen an dann och nach auto-collants maachen, an daat ganzt an der optik vum patriotismus dann giff ech mir awer 5 minuten zait huelen an nokucken wéi “ech sin dofir” iwwerhaapt richteg geschriwwen get. et sinn nemmen 3 wierder souvill zait kann daat net kaschten fir daat korrekt no zesichen. an zwar kritt “sin” 2 N. richteg wir et dann: ECH SINN DOFIR!
entweder maacht et richteg oder guernet.
mais trotzdem all respekt fir äer aktioun an all deen feedback deen dir kritt hudd, an eist lëtzebuergesch hei ass jo och net perfekt. mol gespaant wéi déi ganz geschicht do ausgeht.